top of page
leaderboard 2.jpg

A PROPOS

Armand Doyen.jpg

Armand Doyen

Säit elo méi wéi 30 Joer üben ech mat Passioun mäi Beruff aus am Beräich vun der Bannendekoratioun a vun der Baussendekoratioun, oder méi genee d’Konscht, Är Fënsteren ze verkleeden.

​Duerch d’Wuerzele vu menger Famill konnt ech mech ganz fréi an dësem Beräich entwéckelen a mech fir dëse Beruff wierklech interesséieren.

De Motto « De Client ass Kinnek », deen esou oft a mengen Elteren hirem Buttek ze héiere war, bleift eng gëlle Reegel a menger alldeeglecher Aarbecht, fir e Qualitéitsservice unzebidden. ​

Ech si vum ganzen Häerz an de Projeten, déi mir uvertraut ginn, involvéiert. Wat mech dofir motivéiert, ass menge Clienten hir Erwaardungen z’erfëllen a si ganz zefridden ze stellen. Déi kleng Bestellunge gi mat esouvill vill Ausdauer an Interessi behandelt wéi déi méi grouss Projeten am Optrag vun Architektebüroen oder vu grousse Betriber.

​Wann Dir mech fir Äre Dekoratiounsprojet erausfuerdert, da setzen ech alles duerch, fir Iech ganz zefridden ze stellen!

Echantillon tissu de rideau

Doyen Deco Concept

Als Spezalist fir Storen a Fënsteren proposéiert Doyen Deco Concept all senge Clienten (Privatleit a Beruffsleit) eng breet Palett vu Produiten: ​

 

Dank eisem Netzwierk vu spezialiséierte Revendeure proposéiere mir Produkter, déi vun deene beschten internationale Marken hiergestallt ginn, a kënnen Iech esou e komplette Service op Mooss ubidden.​

Mir fueren op Lëtzebuerg, an d’Belsch, an Däitschland an an Holland fir Iech ze beroden an Iech eis nei Kollektioune virzestellen.

Wëllt Dir eis e Projet uvertrauen ?

Da kontaktéiert eis op der Nummer (+352) 26 95 95 93.

bottom of page