top of page


À propos vum
den Armand Doyen
Gérant vun Doyen Deco Concept
« E klengt Wuert, e klenge Geste an den Armand mécht de Rescht »
Säit elo méi wéi 30 Joer üben ech mat Passioun mäi Beruff aus am Beräich vun der Bannendekoratioun a vun der Baussendekoratioun, oder méi genee d’Konscht, Är Fënsteren ze verkleeden. Duerch d’Wuerzele vu menger Famill konnt ech mech ganz fréi an dësem Beräich entwéckelen a mech fir dëse Beruff wierklech interesséieren.
Ech si vum ganzen Häerz an de Projeten, déi mir uvertraut ginn, involvéiert. Wat mech dofir motivéiert, ass menge Clienten hir Erwaardungen z’erfëllen a si ganz zefridden ze stellen.
Déi kleng Bestellunge gi mat esou vill Ausdauer an Interessi behandelt wéi déi méi grouss Projeten am Optrag vun Architektebüroen oder vu grousse Betriber.
Eis Produkter & Servicer op Mooss
Entdeckt allerlee Bannendekoratiounen/Baussendekoratioune fir all Är Wënsch !
bottom of page





















